Den däitsche Rapper wäert am Summer och zu Köln um Summerjam Festival optrieden.

Lauschtert hei de ganze Reportage

De Peter Fox huet am Joer 2008 mat sengem éischten a bis elo och eenzege Solo-Album „Stadtaffe“ ee Meeschterwierk erausbruecht gehat.

Nodeems hien am Joer 2012 seng Solo-Karriär opgehalen huet a just nach mat der Reggae Band Seeed ënnerwee war, ass am Joer 2022 déi nei Single „Zukunft Pink“ erauskomm gewiescht.

Weider Informatiounen huet de Peter Fox bis elo awer net verroden. Op Instagram huet hien awer lo Fotoe gepost op deenen een hien am Studio gesäit. Et déit also alles op een neien Album vum Berliner Museker.

Dës weidere gouf de Peter Fox och lo fir de Summerjam Festival zu Köln als Headliner annoncéiert, wat fir vill Fans eng grouss Freed ass. Hien wäert och um Hurricane a Southside Festival optrieden.

Ob hien een neien Album an domat och eng nei Tour annoncéiert ass bis elo awer nach net offiziell gesot ginn.