Déi amerikanesch Sängerin wäert och e puer Concerten hei an der Géigend spillen.

Am Juli 2022 huet d'Beyoncé säin aktuellen Album "Renaissance" erausbruecht gehat a senge Fans no laanger Paus endlech rëm nei Musek ginn.

Normalerweis kënnegen d'Kënschtler hir Tournée zesumme mam Album un. Beim Beyoncé war dëst awer net de Fall, wat fir vill Opreegung bei de Fans gesuergt huet.

Nodeems ëmmer rëm iwwert Concerte spekuléiert gouf, huet d'Beyoncé dann elo endlech eng komplett Welt-Tournée annoncéiert.

Och eng Rei Concerten hei an der Géigend sti mat um Programm. Lass geet d'Tour zu Stockholm den 10. Mee an dauert bis de 27. Oktober, wou dee leschte Concert zu New Orleans stattfënnt.

Fir déi lëtzebuergesch Fans sinn dann awer méi d'Concerten zu Köln, Frankfurt, Paräis oder Bréissel méi interessant.

Wéini d'Tickets an d'Vente ginn ass awer nach net gesot ginn.

5.10 - STOCKHOLM, SE - FRIENDS ARENA

5.14 - BRUSSELS, BE - BAUDOUIN STADIUM

5.17 - CARDIFF, UK - PRINCIPALITY STADIUM

5.20 - EDINBURGH, UK - BT MURRAYFIELD STADIUM

5.23 - SUNDERLAND, UK - STADIUM OF LIGHT

5.26 - PARIS, FR - STADE DE FRANCE

5.29 - LONDON, UK - TOTTENHAM HOTSPUR STADIUM

5.30 - LONDON, UK - TOTTENHAM HOTSPUR STADIUM

6.08 - BARCELONA, ES - OLYMPIC STADIUM

6.11 - MARSEILLE, FR - ORANGE VÉLODROME

6.15 - COLOGNE, DE - RHEINENERGIE STADION

6.17 - AMSTERDAM, NL - JOHAN CRUJFF ARENA

6.21 - HAMBURG, DE - VOLKSPARKSTADION

6.24 - FRANKFURT, DE - DEUTSCHE BANK PARK

6.27 - WARSAW, PL - PGE NARDOWY