
© Eldoradio
Déi brittesch Singer a Songwriterin huet mat "Live a Saviour" eng nei Single vu sengem nächsten Album released.
Am Oktober huet déi brittesch Musekerin Ellie Goulding ugekënnegt gehat, dass een neien Album am Joer 2023 géif erauskommen. De Longplayer "Higher Than Heaven" soll dann de 24. Mäerz erauskommen a schonn dee 5ten Album vun der Sängerin sinn.
Elo huet d'Ellie Goulding dann och eng weider Single-Auskopplung released. "Like A Saviour" ass no "Easy Lover", "All By Myself" an "Let It Die" elo déi véiert Single vum Album.
Bei der Single gouf sech dann och bëssen un den 80er Joren inspiréiert an trotzdeem bleift et eng modern Pop-Single déi genuch Energie huet.