
© Sebastian Persuric
Déi lëtzebuergesch Indie-Band huet e puer Concerten am Ausland annoncéiert.
Déi lëtzebuergesch Indie-Band Seed to Tree ass säit ville Joren an der lëtzebuergescher Musekszeen mat dobäi an huet och hei am Land zimmlech all Venue an all Concert gespillt.
Elo huet d'Band ronderëm de Sänger Goerges Goerens aka Bartleby Delicate ugekënnegt, dass si am Abrëll eng Tournée duerch Däitschland wäerte spillen. Mat Oochen oder Köln si jo dann och zwou Stied mat dobäi, an deenen immens vill lëtzebuergesch Studente wunnen.
Am Oktober haten si dann och hir aktuell Single "Rip-Off Game" released gehat, déi een da sécher och wärend der Concerte wäert héieren.