De Kult-Rocker huet ugekënnegt, dass hie seng Tournée net méi wäert fäerdeg spillen.

Lauschtert hei de ganze Reportage

Fir vill Fans aus der Rock-Zeen war et ee Schock. De Sänger Ozzy Osbourne deen an de 80er Jore mat der Band Black Sabbath bekannt ginn ass an duerno nach Jorelaang als Solo-Kënschtler ënnerwee war huet elo op senge Social Media Accounts ugekënnegt, dass hien net méi wäert op Tournée goen.

Eigentlech sollt den Ozzy mat sengem aktuellen Album "Patient Number 9" och nach eng Rei Concerten hei an Europa spillen. Duerch een Accident lescht Joer krut de Museker awer lo vu sengen Doktorern gesoot, dass et fir hien net méi méiglech wier tëschent de Concerte ronderëm ze reesen.

Sou huet den Ozzy a sengem Statement gesot: "Ech hätt ni geduecht dass meng Karriär eng Kéier géif esou op en Enn goen."

All d'Tickets fir dem Ozzy Osbourne seng Tour kann een dann och beim Veranstalter zeréck ginn.

Fir vill Leit aus der Musekszeen gëllt den Ozzy Osbourne als grousst Virbild an dofir hunn och immens vill Kënschtler him op sengem Post nëmmen dat Bescht gewënscht.