Op der neier Versioun vum Kult-Album sollen direkt 9 nei Tracks mat drop sinn.

Lauschtert hei de ganze Reportage

De 17. Mee 2013 also zimmlech genee virun 10 Joer ass dem franséischen DJ-Duo Daft Punk hire legendären Album "Random Access Memories" erauskomm gewiescht. Op dësem waren ënnert anerem Lidder wéi "Get Lucky" zesumme mam Pharrell Williams oder "The Game of Love" mat drop.
Fir de Jubiläum vun 10 Joer ze feieren, wäert Daft Punk dësen Album nach eng Kéier an enger spezieller Versioun nei op de Marché bréngen. Niewent deenen 13 Lidder déi souwisou mat drop waren, wäerten um neien Album 9 nei Songs mat drop sinn, déi bis elo nach net verëffentlecht gi waren.

Et kann een sech also op 35 Minutten nei Musek vun Daft Punk freeën. Den 12. Mee wäert een den Album da kennen op alle Plattforme kenne lauschteren.

Hei déi ganz Tracklist vum Album:

  1. Give Life Back to Music
  2. The Game of Love
  3. Giorgio by Moroder
  4. Within
  5. Instant Crush
  6. Lose Yourself To Dance
  7. Touch
  8. Get Lucky
  9. Beyond
  10. Motherboard
  11. Fragments of Time
  12. Doin’ it right
  13. Contact
  14. Horizon (Japan CD)
  15. GLBTM (Studio Outtakes)
  16. Infinity Repeating (2013 Demo)
  17. GL (Early Take)
  18. Prime (2012 Unfinished)
  19. LYTD (Vocoder Tests)
  20. The Writing of Fragments Of Time
  21. Touch (2021 Epilogue)