
© Youtube Screenshot
Déi zwee däitsch Rapper Samra a Sido hunn um Freideg zesummen d'Single "Ich Liebe Dich" erausbruecht.
Och wann de Samra an de Sido allen zwee vu Berlin sinn, kommen si trotzdeem aus zwou verschiddene Generatiounen. Elo hunn déi zwee Museker hir neister Single "Ich Liebe Dich" erausbruecht, déi eng Hymne fir all déi Verléifte soll sinn. An der Single séngt de Samra dovunner dass hie seng Fra wierklech schätzt an de Sido knäppt bëssen u seng Theme vu sengem eegenen Album wéi Drogen an Angscht un.
Et ass awer och net deen éischte Song deen déi zwee Museker zesummen erausbruecht hunn. Am Joer 2021 waren déi zwee Rapper schonn um Santos sengem Lidd "Leere Hände" ze héieren.