Nodeems ABBA mat "Voyage" hir eegen Holo-Show zu London hunn, soll den David Bowie elo och esou eng kréien.

De brittesche Sänger an Entertainer David Bowie gehéiert zu deene ganz grousse Museker aus deene leschte 40 Joer. Mat Hits wéi "Under Pressure", "Heroes" oder "Starman" ass hie weltbekannt ginn. Leider ass hien am Joer 2016 u Kriibs gestuerwen.

Virun e puer Joer gouf zu London zesumme mat Abba eng Hologramm-Show an d'Liewe geruff ginn. Fir dës Show gouf esouguer eng extra Hal opgeriicht. De Hype ronderëm Abba hellt och net oof an esou sinn déi meescht Seancen nach bis haut ausverkaaft.

A genee esou eng Hologramm-Show soll och lo den David Bowie kréien. Hei kennen d'Fans dann nach eng Kéier seng ganz speziell Show an all seng Hits genéissen.

Wéini an a wéi engem Format dat ganzt soll kommen ass awer bis elo nach net gekläert.