
© Marc Piasecki/WireImage
De Museker deen een och vun der K-Pop Band BTS kennt, huet lo eng Solo-Single ugekënnegt.
Am Moment ass et ronderëm d'K-Pop Band BTS bësse méi roueg ginn, vue dass d'Membere vun der Band 18 Méint an de Militär-Déngscht musse goen.
Ier et lo awer do richteg lass geet, huet de Museker awer lo ugekënnegt, dass hien den 3. Mäerz seng nei Single "On The Street" wäert erausbréngt. Dëst ass déi éischt nei Musek vum J-Hope säit sengem Album "jack In The Box" aus dem Joer 2022. An der Single geet et bëssen ëm dem J-Hope säin Ursprong, deen hien als Stroossen-Kënschtler hat.
Wéi et duerno musikalesch beim Museker an och bei BTS weidergeet ass bis elo och nach net gewosst.