
© AFP PHOTO / MTV
De kanadesche Museker huet nach ee Rekord fonnt, deen hie bis elo nach net opgestallt hat.
De 27. Februar huet de kanadesche Rapper a Museker The Weeknd een neie Rekord a punkto Streaming opgestallt. Viru kuerzem hat hie jo och zesumme mam Ariana Grande de Remix vun der Single "Die For You" erausbruecht.
Duerch seng Fans huet hien et lo gepackt, dee Museker op Spotify mat deene meeschten aktiven Nolauschterer pro Mount ze sinn. Dem The Weeknd lauschteren deemno méi wéi 100 Millioune Leit pro Mount no.