
© Jamie McCarthy / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP
De 5. Mee 2023 soll schonn dem brittesche Sänger säin neien Album "Substract" erauskommen.
Zwee Joer ass et hier dass de brittesche Super-Star Ed Sheeran säi leschten Album "Equals" erausbruecht huet. Nodeems et kuerz roueg ëm den Ed Sheeran gi war, gouf an deene leschte Méint och well vill driwwer spekuléiert, ob a wéini een neien Album géif erauskommen.
Elo huet den Ed Sheeran dann endlech säin neien Album mam Numm "Substract" ugekënnegt. Dëse soll dann och lo schonn de 5. Mee op de Marché kommen a ka lo scho virbestallt ginn. Mat dësem Album wier dann och déi Mathematesch-Album-Ära ofgeschloss, vue dass all d'Zeeche benotzt gi sinn.
An engem kuerze Video op Social Media kann een dann och lo schonn d'Titellëscht vum Album gesinn op dem am ganze 14 Lidder mat drop sinn.
1. Boat
2. Salt Water
3. Eyes Closed
4. Life Goes On
5. Dusty
6. End Of Youth
7. Colourblind
8. Curtains
9. Borderline
10. Spark
11. Vega
12. Sycamore
13. No Strings
14. The Hills of Aberfeldy