De Festival zu Püttlingen bei Saarbrécken huet eng Rei nei Bands ugekënnegt.

Lauschtert hei de ganze Reportage

De Rocco Del Schlacko zu Püttlingen am Saarland fënnt dëst Joer vum 10.-12. August 2023 statt. Och bei de lëtzebuergesche Museks-Fans ass de Festival immens beléift, vue dass et just ronn annerhallef Stonn ze fuere sinn.

Nodeems scho Bands wéi de Sido, Marteria oder Electric Callboy ugekënnegt waren, huet de Festival lo nach eng Rei nei Gruppen annoncéiert.

Mat dobäi sinn ënnert anerem de Berliner Rapper Peter Fox, Tokio Hotel, Schmyt, Fjort, Zebrahead, Kaffkiez an den Disarstar.

Tickets fir de Festival 2023 kann een sech dann och lo schonn HEI kafen.