
© FB Messitval
De lëtzebuergesche Museker MAZ hat dëse Festival am Joer 2022 an d'Liewe geruff.
Nodeems déi komplett Museksbranche duerch Corona an de Joren 2020 an 2021 huet misse bësse méi lues trëppelen, goung et am Joer 2022 endlech rëm lass mat Concerten a Festivallen.
Genee dee Summer sinn dann och vill nei Projeten entstane wéi och de Messtival Festival, dee vum Museker a Rapper MAZ an d'Liewe geruff gouf. Dëse Festival zu Recken op der Mess wäert och dëst Joer erëm stattfannen. Rendezvous ass de 6. Mee zu Recken op der Mess beim Gemengenatelier.
Elo huet de Festival dann och déi éischt Nimm vum Line-Up ugekënnegt.
Dëst Joer sinn ënnert anerem de MAZ, Tuys, Hunneg-Strëpp, The X, De Läb, Them Lights a Zaza mat dobäi.
An deenen nächste Woche wäerten hei och nach weider Nimm dobäi kommen.
De Festival ass gratis an et brauch soumat och keen Ticket ze kafen.