Ier de Singer-Songwriter den 11. Mäerz am Trifolion optrëtt hate mir en am Eldoradio-Interview!

Bëssen Nervositéit a vill Virfreed, esou geet et dem Josh Island grad, deen haut beim Catherine am Gudde Moien, Mëtteg war. Déi aktuell Gefillslag huet awer näischt mam Eldo-Interview ze dinn, mee méi mat sengem nächsten Optrëtt.

Lauschtert hei de Live-Take

Den 11te Mäerz steet de lëtzebuerger Pop-Kënschtler am Trifolion zu Iechternach op der Bün. Dat ass bei wäitem net säin éischte Concert mee en ass e bëssen aneschters wéi dat wat ee vum Singer-Songwriter gewinnt ass. 250 Solo-Shows huet de Museker schonn am Laf vu senger Karriär gespillt, dëst sinn da méi intim Optrëtter well een d'Songs esou héiert wéi se entstane sinn: Mam Josh a senger Gittar. Ma am Trifolion wäert hien net eleng op der Bün stoe mee begleet gi vun enger kompletter Band.

Insgesamt 8 Persoune stinn dann op der Bün an interpretéieren dem Josh Island seng Songs nach emol ganz nei.

En huet dann ausserdeem verroden, dass och nei Musek usteet. Hie schafft grad dorun nei Songs ze releasen an de 15te September soll och en neien Album erauskommen. Den Titel dovu wollt en zwar nach net verroden, ma en huet versprach déi eng oder aner Songs schonn den nächste Samschdeg exklusiv sengem Live-Publikum ze presentéieren.

Tickete ginn et nach, déi fannt der hei.

Esou kléngt den Josh Island