Den däitsche Rapper huet mat "Vergessen Wie" seng zweet Single no sengem Comeback released.

Lauschtert hei de ganze Reportage

Am Oktober 2022 ass endlech no 13 Joer Paus als Solo-Kënschtler endlech mat "Zukunft Pink" eng nei Single vum Peter Fox op de Marché komm. Dës Single stoung dann och ganz séier an den däitschsproochege Länner ganz uewen an den Charts.

Elo ronn 4 Méint méi spéit huet de berliner Museker mat "Vergessen wie" seng zwee Single erausbruecht. An dësem Lidd séngt de Peter Fox dovunner, dass d'Liewen no 3 Joer Pandemie lues awer sécher rëm eropgefuer gëtt a wat nach iwwereg bliwwen ass vun de Lockdowns.  Eng bësse méi relax Single déi trotzdeem déi richteg Beats huet wéi een et vum Peter Fox gewinnt ass.

Ob a wéini een Album vum Peter Fox wäert erauskommen huet den däitsche Museker bis elo awer nach net verroden. Mee et gesäit awer op jiddefalls mol esou aus.

Den 3. Juni wäert de Peter Fox jo och hei zu Lëtzebuerg um USINA 23 zu Diddeleng optrieden.