
© Youtube Screenshot
D'Rockband vun Hamburg wäert den 13. Mee zu Liverpool fir Däitschland un de Start goen.
Den Eurovision Song Contest gëtt et scho säit dem Joer 1956 an och Lëtzebuerg huet reegelméisseg un dësem Concours deelgeholl an dësen esouguer am ganze 5 mol gewonnen, wann och net ëmmer mat lëtzebuergesche Kënschtler.
Dëst Joer wäert den ESC den 13. Mee zu Liverpool a Groussbritannien stattfannen.
An Däitschland gëtt et dann am Virfeld vum Concours eng Virentscheedung fir erauszefannen, wien d'Land dann dierf international vertrieden.
Dëst Joer ass et dann déi Hamburger Rock Band Lord Of The Lost, déi mat hirem Song "Blood & Glitter" wäerten optrieden. Si waren dann och schonn mat Iron Maiden als Virgrupp op Welttournée. Dass och Rock-Gruppe kënnen hei gewannen hunn dann och scho Bands wéi Lordi am Joer 2006 a Maneskin am Joer 2021 bewisen.
Fir Lëtzebuerg wäert dëst Joer kee Kënschtler um Concours deelhuelen.