
De lëtzebuergesche Rapper huet mat "Amira" seng neisten Single released.
Nodeems de lëtzebuergesche Rapper Brebo am November lescht Joer seng lescht Single "Allein" released hat, ass de Musker elo zeréck mat engem neien Track. Dësen huet de Brebo dann och zesumme mat de Produzenten vu Magestick produzéiert.
D'Lidd mam Titel "Amira" ass dem Brebo seng éischt Single fir dëst Joer a wäert och op sengem neien Album "Seasons" mat drop wäert sinn, deen am Abrëll wäert erauskommen.
Fir dëse Song huet de Rapper dann och ee coole Museksvideo gedréint deen definitiv derwäert ass gekuckt ze ginn.