
© Ferdy Damman / ANP / AFP
Gerüchter no soll de 24. Juni ee grousse Concert fir de gudden Zweck stattfannen, bei dem vill Stars sollen optrieden.
Nodeems de Krich an der Ukrain säit iwwer engem Joer am Gaang ass, probéieren ëmmer méi Leit och hei Suen ze sammele fir de Leit dohannen ze hëllefen. Viru kuerzem haten d'Toten Hosen schonn ee Concert gespillt, bei dem ronn 1.6 Milliounen Euro erakoumen.
Elo ginn et dann och déi éischt Gerüchter, dass zu London am Wembley Stadion un engem risege Concert a Form vum "Live Aid" soll geschafft ginn. Hei sollen de 24. Juni ënnert anerem Mega-Stare wéi d'Rolling Stones, Adele, Noel Gallagher, U2, oder Pink mat op der Bün stoen.
Am Joer 1985 gouf et schonn eng Kéier esou ee Concert, bei deem ënnert anerem Queen opgetruede waren a Sue gesammelt hate fir géint d'Hongersnout an Afrika virzegoen.
Dëse Concert soll da Suen erabréngen, déi de Leit an der Ukrain sollen hëllefen, nodeems vill Leit do esou zimmlech alles verluer hunn.