Déi lëtzebuergesch Band wäert och e puer Concerten am Ausland dëst Joer spillen.

Déi lëtzebuergesch Band TUYS ass scho säit enger ganzer Rei Joren an der Museksbranche mat dobäi. Den 28. Abrëll wäert dann och hiren neisten Album "Reality Management Ltd." op de Marché kommen.

Fir dësen Album, fir deen och fir all Single ee spektakuläre Video gedréint gouf, ginn et dann 3 ganz speziell Optrëtter bei deenen och de Kuerzfilm mat der Geschicht vum Album gewise gëtt.

Nom Release hunn TUYS dann och lo weider Tour-Datumer ugekënnegt bei deenen och e puer der am Ausland mat dobäi sinn.

05.05 Würzburg 
06.05 Reckange-Sur-Mess 
19.05 Bremen
23.05 Cologne 
25.05 Munich 
30.05 Hannover 
11.06 Esch-Sur-Alzette