
© Thomas SAMSON / AFP
Déi franséich Sängerin wäert de ganz neien Album "Sentiments" bei dësem Concert virstellen.
Déi 26 Joer al franséisch Sängerin Louane huet a senger Karriär bis elo schonn 4 Studioalben erausbruecht, mat deenen hat och schonn an Europa ganz uewen an den Charts stoung. Mat sengem Hit "Avenir" aus dem Joer 2015 war d'Louane dann och richteg bekannt ginn.
Mat sengem aktuellen Album "Sentiments" aus dem Joer 2022 wäert d'Louane dann och lo fir seng lëtzebuergesch Fans optrieden. Rendezvous ass de 5. Oktober 2023 am Conservatoire an der Staat.
Wéi den Atelier schreift, wäert dëse Concert immens emotional ginn a wierklech ganz no um Publikum an de Fans sinn.
D'Tickets fir dësen exzeptionelle Concert ginn den 10. Mäerz moies ëm 10 Auer op atelier.lu an d'Vente.