
© Jamie McCarthy / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP
Nodeems de brittesche Sänger säin neien Album "Subtract" ugekënnegt hat, wäert dëse Mount dann och déi éischt Single erauskommen.
De brittesche Singer a Songwriter hat lescht Woch ugekënnegt, dass hien de 5. Mee säin neien Album "Subtract" wäert op de Marché bréngen. Den 32 Joer ale Museker huet en Donneschdeg op TikTok senge Fans een éischte Preview vun der éischter Single gewisen, déi mam Numm "Eyes Closed" de 24. Mäerz soll erauskommen.
Dat ass dann och déi éischt Single-Auskopplung vum Album an esou kann een da scho bëssen an de Sound vum Longplayer eralauschteren.