A senger gewinnter Aart a Weis huet de brittesche Sänger en Donneschden annoncéiert, dass hien deemnächst op Netflix ze gesinn ass!

De Lewis Capaldi hëllt sech selwer net all ze eescht - dat ass wuel dat mannst wat ee ka soen! No hallef-plakege Reklammen am Kalzong, erotesche Pose mat senger Wuess-Figur oder herrlechen Taylor-Swift-Imitatiounen, huet de "Forget-Me"-Interpret elo divers Netflix-Serien an d'Viséier geholl.

Ob de Lewis Capaldi mat sengem Video effektiv Rollen a "Bridgerton", "Tiger King" oder "Wednesday" kritt, ass staark ze bezweifelen. Fest steet awer, dass de 5. Abrëll seng eegen Netflix-Dokumentatioun mam Titel "How I'm Feeling Now" erauskënnt. Dass geschwënn déi ganz Welt de Film kéint gesinn, géif hien extrem nervös maachen, mee hie wier immens houfreg op d'Resultat, esou de Capaldi weider a sengem Insta-Post. Den Trailer soll ganz geschwënn erauskommen.

Den 19. Mee bréngt de Britt säin neien Album "Broken By Desire To Be Heavenly Sent" eraus. Aktuell ass hien op Tour a spillt bis de 15. Mäerz nach e puer Datumer an Europa. Duerno geet et dann an d'USA.