Den däitsche Museker sollt eigentlech de 5. Mee hei zu Lëtzebuerg optrieden.

Mat sengem aktuellen Hit "I Believe" an "Better Days" sollt den däitsche Pop-Sänger Kamrad de 5. Mee 2023 déi éischte Kéier och hei zu Lëtzebuerg op der Bün stoen. De Concert sollt am Centre Cultuel "opderschmelz" zu Diddeleng stattfannen.

Elo hunn d'Organisateuren awer ugekënnegt, dass de Concert vum Kamrad leider an den Hierscht 2023 muss verréckelt ginn. De Museker selwer sot an engem Statement, dass d'Museksbranche sech nach ëmmer net ganz erholl hätt an einfach net genuch Tickete fir dës Tour verkaaft gi wieren.

D'Tickets bleiwen natierlech gëlteg fir deen nächsten Datum.

Een neien Datum soll dann och a noer Zukunft ugekënnegt ginn.