Déi lëtzebuergesch Indie-Rock Band ass zeréck mat neiem Material an enger Rei neie Concerten.

Déi lëtzebuergesch Indie-Rock Band Seed To Tree ass scho säit enger Rei Joren an der nationaler wéi och internationaler Museksbranche ënnerwee. Elo hunn si dann och ugekënnegt, dass si de 17. Mäerz hier nei Single "Major Lydian" zesumme mam Lable Popup-Records wäerten erausbréngen. D'Single déi eng Mëschung aus 80er-Synthersizersounds a Gittarresounds gëtt dëser Single och een zimmlech eegene Sound. An dëser Single blécke Seed To Tree dann och zeréck op eng Rei Singles aus der Vergaangenheet déi si gepräägt hunn.

Seed to Tree ass och op Tournée am Abrëll:

08.04.2023 - Aachen - Musikbunker

10.04.2023 - Offenbach - Hafen 2

11.04.2023 - Stuttgart - Café Galao

12.04.2023 - Nürnberg - MUZclub

13.04.2023 - Ilmenau - BD Club

14.04.2023 - Köln - Blue Shell

15.04.2023 - Würzburg - Cairo