Den däitsche Sänger huet mat sengem Song "Roller" een neie Rekord opgestallt.

"Last Christmas" ass vir vill Léit de perfekte Song fir a Chrëschtstëmmung ze kommen, fir aner Léit ass et einfach just een nervegt Lidd. Egal wat ee vum Song hält, et ass op jiddefalls bis viru kuerzem dee Song gewiescht, deen am längsten an Däitschland an den Charts stoung, an zwar ganzer 161 Wochen.

Den däitsche Rapper Apache 207 huet dëse Song awer lo mat sengem 2019er Hit "Roller" ofgeléist. Dësen Track steet säit ganzen 162 Woche lo an den Charts.