
© Christy Dokbua
Déi dänesch Sängerin huet deen neien Album "Favourite Person" zesumme mam Label Two Step Twice released hunn.
Hannert dem Indie-Pop Projet Reveal Party stécht déi dänesch Singer a Songwriterin Emily Holm Nyhuus déi 2020 déi éischt EP "You Stole a Year of My Life" released huet. Säit deem ass vill geschitt an de Projet ass zimmlech bekannt ginn. No 3 EPs huet d'Emily dann och lo säin éischten Album "Favourite Person" erausbruecht.
Bei dësem Album ass dann och Lëtzebuerg involvéiert vue dass lëtzebuergesche Label "Two Step Twice" ronderëm den Tun Biever vun TUYS hei d'PR an de Release fir BENELUX iwwerholl huet. Dëst ass dann och hiren éischten internationale Signing.
Nodeems Reveal Party schonn op Festivallen wéi dem Roskilde op der Bün stoung, wäert dëst Joer dann och mat dem neien Album eng Tour duerch Dänemark an Amerika ustoen.