Den 18. Mäerz kennen sech d'Fans op nei Musek vum lëtzebuergesche Rapper freeën.

Nodeems de Maale Gars an deene leschten zwee Jore richteg fläisseg nei Musek erausbruecht huet, kënnen sech d'Fans och lo op eng ganz nei Single freeën.

Den 18. Mäerz 2023 wäert mat "Fonken" e ganz neien Track vum lëtzebuergesche Rapper erauskommen. An dësem Track wäert de Maale Gars och bëssen op eng verluere Léift zeréckblécken. Dee nämmlechten Dag wäert dann och dem Rapper säin neien Album "Guer Näischt" erauskomme wat dann och schonn säin zweete Studioalbum wier.

Eng grouss Release Party ass dann och scho geplangt a soll den 31. Mäerz an de Rotondes stattfannen an dat zesumme mat Museker wéi dem Jast, Luk a Skuto.