
Ee vun deene gréisste Festivallen op der Welt wäert och dëst Joer rëm 6 Deeg erëm vill ze bidden hunn.
Säit dem Joer 1996 fënnt all Joer op der Donauinsel zu Budapest an Ungarn de Sziget Festival statt. Dëse Festival dauert ganzer 6 Deeg a wäert dëst Joer vum 10.-15. August stattfannen. Hei si ronn 400.000 Visiteuren all Joer mat dobäi an de Line-Up huet wierklech vir jiddereen eppes ze bidden.
Dëst Joer wäerten dann als Headliner d'Billie Eilish, den David Guetta, Florence & The Machine, Lorde de Macklemore an d'Imagine Dragons op der Bün stoen. Am Joer 2022 hat de MAZ jo och schonn d'Chance hei kennen als lëtzebuergeschen Act opzetrieden.
Dëst ass natierlech just ee ganz klengen Deel vum Line-Up.
Säit haut kann een sech dann och lo säin Ticket kafe fir hei mat dobäi ze sinn. D'Ticketspräisser leie bäi 75 € fir een Dagesticket an 349 € fir de ganze Festival.