Elo huet d'Musekerin déi drëtt Single vu sengem neien Album released.

Nodeems d'Lana Del Rey am Joer 2022 schonn säin neien Album "Did You Know There's A Tunner Under Ocean BLVD" ugekënnegt hat, ass lo dann och schonn déi drëtt Singleauskopplung released gin. De kompletten Album kënnt de 24. Mäerz op de Marché mee ee weideren Avant-Goût kritt een da mat der ganz neier Single "The Grants". Dëse bësse méi rouegen Titel séngt d'Lana Del Rey dovunner, dass hat och nom Doud vu verschiddene Leit nach ganz dacks un dës denke muss vue dass si duerch immens vill Erënnerungen nach verbonne  sinn.

Den neien Album wäert dann och schonn der Sängerin säin 9te Studioalbum sinn. Um Longplayer wäerten dann och am ganze 16 Lidder mat drop sinn. Mir kennen eis also nach op 13 ganz nei Songs freeën.