De schotteschen DJ a Produzent Calvin Harris plangt eng Single zesumme mam Adele op de Marché ze bréngen.

De schotteschen DJ a Produzent Calvin Harris huet schonn deen een oder aneren Nummer 1 Hit gehat an huet och schonn immens vill Kollaboratioune mat anere Sängerinne gehat. Hei stoungen zum Beispill d'Ellie Goulding oder d'Dua Lipa als Stëmm un der Säit vum DJ.

Elo huet de Calvin Harris awer verroden, dass hien sech géif wënschen eng Single zesumme mam Adele erauszebréngen. D'Adele wier och schonn eng Kéier op engem Concert vum DJ op hien zoukomm an hätt him gesot hat wéilt eng Kéier eng EDM-Single erausbréngen.

Am Moment ass d'Adele jo nach mat senge Residence-Shows zu Las Vegas am gaange mee duerno kéint jo eventuell dës Kollaboratioun an d'Rulle kommen.