
© Felix Broede
"Weisse Fahnen" heescht déi drëtt Single déi den däitsche Rapper no sengem Comeback erausbruecht huet.
Nodeems den däitsche Rapper Peter Fox no sengem Comeback schonn déi zwee Lidder "Zukunft Pink" an "Vergessen Wie" erausbruecht huet, ass hien elo mat engem drëtten neien Track zeréck.
D'Single "Weisse Fahnen" handelt dann och dovunner, dass verschidde Konflikter op der Welt zimmlech onnéideg wieren an dass verschidde Leit just géife weidermaache fir herno kennen ze soen se hätte gewonnen. Hei wier et fir de Peter Fox heiansdo méi einfach et géif einfach een nogi ganz nom Motto "der Klügere gibt nach".
Nodeems et jo lo déi drëtt Single ass, kann een sech dann och schonn denken dass ganz geschwënn een neien Album vum däitsche Museker wäert erauskommen. Eventuell kann een dëse jo da schonn um USINA23 héiere wou de Peter Fox den 3. Juni optrëtt.