
© Bruno Muringer
De lëtzebuergesche Museker huet mat "Close To You" seng neiste Single op der Marché bruecht.
De lëtzebuergesche Sänger CHAiLD huet schonn esou zimmlech op all Bün hei am Land gespillt a gëllt als ee vun deenen innovatiivste Kënschtler a Museker hei am Land.
An dëser Single séngt den CHAiLD vun dem Gefill wann een sech déi éischte Kéier verléift huet. An dem Moment mengt een et kéint engem näischt méi geschéie wann ee mat der Persoun zesummen ass. Hei verschafft hien dann och d'Gefill vu Gléck wat een dann an dem Moment verspiert.
Dës Single wäert dann och Deel vu senger neier EP "Urgent Care" sinn, déi de 15. Abrëll wäert erauskommen. Ronn 1 Joer ass de Museker schonn am Gaang un dësem Projet ze schaffen a freet sech dësen elo endlech eraus ze bréngen.