
© GIUSEPPE CACACE / AFP
Der brittescher Band hiren nächsten Album "Momento Mori" gouf schonn e puer Deeg virum Release am Internet geleakt.
Déi brittesch Rock-Pop Band Depeche Mode hunn sech am Joer 1980 gegrënnt a gëllen als eng vun deene bekanntste brittesche Bands aus deene leschte Joerzéngten.
Nodeems de Keyboarder Andrew Fletcher am Joer 2022 gestuerwen ass hunn sech d'Fans trotzdeem gefreet, dass dësen nach o dem nächsten Album ze héiere wäert sinn.
Den neien Album "Momento Mori" soll de 24. Mäerz offiziell erauskommen. Leider goufe verschidden Alben awer schonn am viraus verkaaft ginn a sou konnt de kompletten Album um Internet geleakt ginn. De Sound ass zwar an enger schlechter Qualitéit mee trotzdeem ass et fuerchtbar blöd fir d'Band. D'Lidder sollen dann awer och net am richtegen Tempo agespillt gi sinn an doduerch géif den Album immens träg kléngen.