De brittesche Sänger huet erzielt, dass hien sech och scho Gedanken mécht wéi et musikalesch no sengem Dout soll weidergoen.

De brittesche Singer a Songwriter steet am Moment jo nawell zimmlech dacks an de Musek News. Sief et mat sengem neien Album "Substract" deen de 5. Mee erauskënnt oder mat der éischter Single vun dësem déi fir de 24. Mäerz ugekënnegt ass.

Mee och iwwert eng Zäit no sengem Dout huet den Ed Sheeran sech scho Gedanke gemaach. De Sänger huet verroden, dass hien no sengem Dout een Album nach wéilt erausbréngen, dee wierklech 100% perfekt wier.

Fir dësen Album géif hie scho lo Lidder sammelen déi fir hien an dëst Konzept géife passen. Ëmmer rëm hätt hie Lidder déi hien da genee vir dësen Album zeréckhält.

De Museker huet dann och schonn a sengem Testament festgehalen, dass dësen Album dann direkt no sengem Dout soll verëffentlecht ginn.