Den 8. Juli wäert zu Bartreng eng méi lass sinn.

No hirem Erfolleg am Joer 2022 huet d'Gemeng Bartreng ugekënnegt, dass si och am Joer 2023 de Festival "Absolut Bartreng" an Zesummenaarbecht mam Atelier organiséiere wäerten.

Dat ganzt wäert den 8. Juli am Kär vu Bartreng stattfannen. Hei kann een dann de ganzen Dag en eenzegaartegen Open-Air Museksfestival mat engem exzeptionelle Line-Up vu nationalen an internationale Kënschtler erliewen.

Als Bands stinn dann dëst Joer um Line-Up:

Max Giesinger
No Angels
Power Plush
Michèl von Wussow
Maya Maunet

Tickete ginn et elo scho fir 12€ op atelier.lu.