
© Eldoradio
Déi belsch Singer a Songwriterin Selah Sue wäert eng weider Kéier hei am Land op der Bün stoen.
Déi belsch R&B Sängerin Selah Sue stoung schonn déi eng oder aner Kéier hei am Land op der Bün. Am Joer 2022 hat d'Musekerin den Atelier dann eng weider Kéier komplett ausverkaaft.
Elo ass d'Sängerin dann zeréck an dat am Kader vum Festival de Wiltz, wou hat am ganz impressionante Kader wäert Freides de 14. Juli optrieden.
Virun engem Joer ass jo och säin aktuellen Album "Persona" erauskomm, deen d'Musekerin dann och hei wäert nach eng Kéier senge Fans presentéieren.
Falls een hei well mat dobäi sinn, da kann een sech elo schonn op atelier.lu säin Ticket kafen.