Och dëst Joer steet een Owend vum Echterlive Festival rëm ganz am Zeeche vun der nationaler Musekszeen.

Och dëst Joer wäert am Haff vun der Abtei vum 20.-23. Juli erëm den Echterlive Festival stattfannen. Hei hunn d'Organisateuren ee flotte Programm aus nationalen an internationale Kënschtler zesummegestallt.

Nodeems den Adel Tawil, Dean Lewis a Clueso jo schonn ugekënnegt gi waren, hunn d'Organisateure lo och rëm eng "DELUXE NIGHT" mam Fokus op lëtzebuergeschen Acts annoncéiert.

Den 21. Juli 2023 kann een sech dann de ganzen Owend mat gratis Entrée eng ganz Rei Concerte vu gréisstendeels lëtzebuergesche Kënschtler ukucke goen.

Mat dobäi sinn:

Mayito Rivera & Sons of Cuba (Cuba)
All Reitz Reserved (LUX)
Seed To Tree (LUX)
Foreigners (LUX)
EDSUN (LUX)
Jackie Moontan (LUX)
MAZ (LUX)