
© YOSHIKAZU TSUNO / AFP
No "Lost" huet Linkin Park elo deen zweete Song erausbruecht, op deem een awer nach den Chester Bennington héiert.
20 Joer ass et hier dass Linkin Park hire legendären Album "Meteora" op de Marché bruecht hunn. Mat dësem Album huet déi kalifornesch Rock-Band d'Museksbranche gepräägt. Um Album waren dann zum Beispill och Songs wéi "Numb" oder "Faint" mat drop, déi bis haut nach bei villen an der Playlist sinn.
Am Joer 2017 ass de Sänger Chester Bennington leider gestuerwen an et ass immens roueg ëm d'Band ginn. Bis haut weess een net op jeemools nach eng Kéier eng Reunion geplangt wier.
Nodeems jo virun e puer Woche schonn de Song "Lost" erauskomm war, huet d'Band lo mat "Fighting Myself" ee weidere Song erausbruecht, op deem een nach den Chester Bennington ze héieren ass.
Laut dem Gittarist vun der Band géif et an dësem Song iwwer gestaute Problemer a Suerge goen. An och doriwwer, dass d'Problemer méi schlëmm gi wat ee manner driwwer géif schwätzen.