De lëtzebuergesche Museker huet seng nei Single "Carter" released.

Nodeems de lëtzebuergesche Museker EDSUN dëst Joer schonn seng éischt Single "Just Text Me" erausbruecht hat, ass hien elo zeréck mat neier Musek. A senger aktueller Single "Carter" séngt den EDSUN dovunner, dass d'Museker an der Museksbranche immens dacks géifen ausgenotzt ginn. Et kéims dacks vir, dass d'Leit net bereet wieren dat néidegt Geld ze bezuelen. Den EDSUN seet awer lo dass et him duer géif goe mat Excusen an dass hien einfach lo säi Scheck wäert ausstellen.