
© LBERTO E. RODRIGUEZ / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP
Méi spéit am Joer wäert och nach ee Kuerzfilm iwwert dem Adele seng Concerten zu Las Vegas erauskommen.
Bis elo hält den Elvis Presley nach de Rekord mat 600 Concerten zu Las Vegas. Awer och d'Adele huet mat senger Residence-Show am "Collosseum at Caesars Palace" schonn deen een oder anere Concert gespillt.
Vue dass dës Concerte säit Méint all Kéiers ausverkaaft sinn, huet déi brittesch Sängerin elo ugekënnegt, dass d'Concerte vum 16. Juni bis de 4. November verlängert gi sinn. Et wäert also nach eng Zäit daueren ier een d'Adele dann och eng Kéier hei an Europa kann erliewen.
Fir dass awer och jiddereen an de Genoss vu senger Las Vegas Show kennt, huet d'Musekerin geplangt ee Kuerzfilm mat der Show opzehuelen. Wéini dee Film genee wäert erauskommen ass awer nach net gewosst.