An der Nuecht vun e Méinden op en Dënschden goufen zu Los Angeles d‘iHeart Radio Music Awards verginn.

Dëst Joer gouf d’Award-Zeremonie vum Museker an Schauspiller Lenny Kravitz moderéiert, dee fir d’éischt emol den Affer vun der Schéisserei an der Schoul zu Nashville geduecht huet. A senger Ried huet de Kravitz ausserdeem gewarnt: „Amerika, mir mussen eis besseren.“

Traditionell hu wärend der Zeremonie och eng ganz Partie Acts hir gréisste Lidder op d’Bün bruecht. Mat dobäi waren ënnert anerem d’P!nk, Coldplay, d’Kelly Clarkson, d’Latto an de Lenny Kravitz selwer.

Déi grouss Gewënnerin vum Owend war op en Neits d’Taylor Swift. Mat den Awards fir “Song of the Year”, “Best Pop Album”, “Best Lyrics”, “TikTok Bop of the Year” a “Favourite Use of a Sample” gewënnt hatt am Ganze 5 Präisser.

Zu de Gewënner*innen zielen ausserdeem den Harry Styles, deen déi 3 Kategorien “Artist of the Year”, “Favourite Tour Style” a “Favourite Residency” gewonnen huet. Donieft hunn d’Imagine Dragons den Award fir “Best Duo/Group of the Year” ofgeraumt an d*en Sam Smith an d’Kim Petras hate mat “Unholy” déi bescht Kollaboratioun. “Most Played Artist” war d’Doja Cat a “Best New Pop Artist” war d’Jax wat mat sengem Track “Victoria’s Secret” vill Erfolleg hat.

Hei fannt dir déi komplett Lëscht mat alleguer de Gewënner*innen bei den iHeart Radio Music Awards 2023!