De Niall Horan bréngt den 9. Juni säin neien Album «The Show» eraus. Elo huet hien och d’Tracklist verëffentlecht.

Deemno wäerten am Ganzen 10 Tracks um Album drop sinn. Dovunner ass momentan nëmmen d’Lidd «Heaven» bekannt, dat de 17. Februar veröffentlecht gouf. Op weider Singles released wärte ginn, ass nach net bekannt.

Nieft der Tracklist vum neien Album, huet den iresche Sänger och seng Concerten fir de Festival-Summer annonceiert. Fir d'Fans aus dem Eldoland sinn och e puer Datumer an Europa mat dobäi. Esou kënnt den Niall Horan ennert anerem op de «Loollapalooza» zu Paräis, de «Meo Sudoeste» a Portugal, de «Pinkpop» an Holland oder de «Sziget» zu Budapest. Geschwënn sollen och Datumer fir seng Tournée nokommen.

De Niall Horan kennt een haaptsächlech duerch säin Erfolleg mat der Band One Direction. Nodeems d’Band 2016 eng Paus ageluecht huet, feiert den Niall Horan Solo grouss Erfolleger. Seng éischt Solo-Single «This Town» ass den 29. September 2016 released ginn. No sengen 2 Studio-Alben «Flicker», mat der Hit-Single «Slow Hands», an «Heartbreak Weather», mat «Nice To Meet Ya» an «No Judgement», kënnt dann elo endlech den drëtten Album op de Marché.