
© LOA
Am Mee wäert de Festival LOA ESCH rëm d'Festival Saison fir 2023 lancéieren.
De LOA ESCH gehéiert säit e puer Joren zu deene wichtege musikaleschen Datumer am Joer hei zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun. Dëst Joer wäert de LOA ESCh dann och de 5. & 6. Mee rëm d'Festival-Saison fir d'Joer 2023 lancéieren.
Nodeems d'Organisateure jo schonn déi international DJ'en wéi Bassjackers, Topic oder Tchami annoncéiert haten, hunn si elo och ugekënnegt, wien vun de nationalen DJ'en op der Bün dierf stoen.
Hei sinn dann och direkt eng ganz Rei Kënschtler ugekënnegt ginn:
- NOSI
- DASIC
- Se7en
- Waztoo
- Freezy
- Vespucci
- Difino
- Vorticity
- Jessy K
- Nico Beiler
De Nico Beiler hat als Newcomer den DJ Competition gewonnen, bei dem een ee Set vun 20 Minutten huet missen aschécken, wat da vun den Organisateure gelauschtert gouf.
D'Tickets kritt een dann och nach op www.loa.lu