
© S.K.O.R.s
Den 31. Mäerz wäert et am Cube zu Maarnech ee ganzen Owend Punk a Rock op d'Ouere ginn.
Dëse Freideg wäert et zu Maarnech am Cube 521 bësse méi haart erofgoen. Hei wäerten déi zwou lëtzebuergesch Punk a Rockbands Versus You a S.K.O.R op der Bün stoen. Dëst ass och deen éischte Concert fir de Cube bei dem d'Léit all kënne stoen.
D'Band S.K.O.R. déi och ganz aus der Géigent staamt wäert ënnert anerem hiren neien Album "Echo Chamber" presentéieren.
Falls dir iech frot fir wat de Band-Numm steet da kritt der hei d'Äntwert: "Some Kind Of Rock".
Versus You gehéieren och scho säit ville Joren zu der nationaler Rock-Zeen a wäerten dann no enger Rei Concerten am Ausland dann och hei am Land lo rëm méi spillen.
D'Tickets fir dësen Owend ginn et dann nach op cube521.lu