Am September soll dem Josh Island säin Debut-Album op de Marché kommen.

Viru kuerzem war den Josh Island bei eis op Besuch am Studio fir iwwert seng nei Single "Rewind" ze schwätzen. Hei huet de Singer a Songwriter dann och scho gesot, dass ganz geschwënn säin éischte richtegen Album wäert erauskommen.

Lo huet den Josh Island dann och offiziell op sengem Instagram-Account ugekënnegt, dass den Album de 15. September ënnert dem Numm "In My Head" wäert erauskommen. Op dësem Album stellt den Josh sech d'Fro wat engem alles duerch de Kapp geet vu Gedanken, Dreem, Angscht an Hoffnung.

Des weidere wäert hien dann och an Zukunft nach eng ganz Rei Concerte spillen ier dann am September de Longplayer wäert erauskommen.