No 7 Joer Paus stin déi australesch Rocker dëst Joer rëm op der Bün stoen.

Am Joer 2016 stoung d'Band ronderëm den Angus Young déi leschte Kéier am Kader vun hirer "Rock Or Bust" Tournée zesummen als AC/DC op der Bün. Nodeems et laang roueg war, hunn si am Joer 2020 hiren aktuellen Album "Power Up" erausbruecht gehat.

No dëser méi laanger Paus stinn AC/DC elo rëm als Band op der Bün an dat um "Power Trip" Festival an der Géigend vun LA an den USA. Hei stinn si zesumme mat Bands wéi Iron Maiden, Ozzy Osbourne, Metallica an Tool op der Bün.

Elo huet de Festival dëse Line-Up dann och offiziell bestätegt.

Ob d'Band och an Zukunft an Europa wäert kommen ass am Moment awer nach net gewosst. D'Fans mussen sech also hei nach bësse gedëllegen.