
© Jamie McCarthy / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP
Am Moment steet den Ed Sheeran jo viru Geriicht vue dass hie sech soll bei sengem Hit "Thinking Out Loud" un sengem anere sengem Hit orientéiert soll hunn.
Den Ed Sheeran ass de Moment net nëmmen am Gaang säin neien Album "Subtract" fir de 5. Mee ze presentéiere mee hie steet aktuell och zu New York viru Geriicht. Dës Kéier kritt hie virgeworf, dass hie sech bei sengem Hit "Thinking Out Loud" um Marvin Gaye sengem Track "Let's Get It On" aus dem Joer 1973 inspiréiert hätt an dëse kopéiert hätt.
An engem Interview huet de brittesche Museker gesoot, dass hien warscheinlech géif ophaalen mat Musek maachen, falls hien dëse Prozess sollt verléieren an doduerch Plagiat virgeworf géif kréien. Hie géif da kee Sënn méi gesinn selwer Musek ze maachen. Et géif him dann einfach duer goen an hien hätt da keng Loscht méi selwer Musek ze schreiwen.