Déi australesch-brittesch Sängerin huet nei Musek nach fir dëse Mount ugekënnegt.

Déi 54 Joer al Sängerin Kylie Minogue ass scho viru Joerzéngte mat Hits wéi "I Should Be So Lucky", "Can't Get You Out Of My Head" oder "All The Lovers" huet d'Musekerin et ëmmer rëm bis ganz no uewen an d'Charts gepackt.

Nodeems d'Musekerin am Joer 2020 säi leschte Studioalbum "Disco" erausbruecht hat, soll dëse Mount lo de Nofollger op de Marché kommen. Déi éischt Single soll dann och lo ganz geschwënn erauskommen an och eng Arena-Tour ass geplangt. Et wier dann och déi éischt Tour a 6 Joer vun der Sängerin.

D'Kylie Minogue huet dann an engem Interview och well verroden dass et een typesche Kylie Album géif ginn, deen de Fans dierft gefalen.