
© Florian Koppe - Wiki Commons
Den Arnim Teutoburg-Weiß huet mat "Belohne Dich Mit Mir" säin éischte Solo Song released. Deen och bëssen een anere Sound huet.
De Berliner Sänger Arnim Teutoburg-Weiß ass duerch seng Punk-Band Beatsteaks bekannt ginn a steet zesumme mat hinne säit 1995 op der Bün.
Säit dem Februar 2023 huet den Arnim dann och säin eegene Podcast "Poparazzi - die Geschichte eines Songs" bei dem ëmmer aner Museker op Besuch si fir iwwert hier Musek ze schwätzen.
Nodeems K.I.Z. do ware fir iwwert de Song "Hurra die Welt geht unter" ze schwätzen ass d'Iddi komm eng Solo Single fir den Arnim ze produzéieren. Kuerz drop stoung den Arnim dann och am Studio an huet de Song "Belohne Dich Mit Mir" opgeholl. Bass huet iwweregens de Bassist vun Deichkind op dësem Track gespillt. Am Song geet et dorëms sech selwer net ze vergiessen a sech och mol ze verwinnen.