De lëtzebuergesche Rapper MAZ huet seng nei EP "Emo Season" released.

De lëtzebuergesche Rapper MAZ huet mat senger Single "School Reunion" déi virun e puer Méint erauskomm ass warscheinlech ee vu senge gréissten Hits bis elo released gehat.

No "Eyeliner" war dat déi zweet Single vu senger ganz neier EP "Emo Season" déi haut erauskomm ass. Déi drëtt Single "Hope" war jo och eréischt viru kuerzem erauskomm.

Op der EP sinn dann am ganze 6 Tracks plus ee Bonus Track mat drop. De Bonus Track "Shadow" huet et dann och richteg a sech an ass vum Sound richteg rockeg mat Metalcore Influenzen.

Eventuell kann een dës nei Lidder dann och scho muer um Messitval-Festival zu Reckeng un der Mess héieren, bei dem de MAZ net nëmmen als Organisateur mee och als Headliner mat dobäi ass.

De MAZ huet dann och eng Tournée ugekënnegt, bei der hien an England, Frankräich, Tschechien an a Lëtzebuerg wäert optrieden.

Lauschtert hei déi ganz Museknews vum 5. Mee.